DESCHTENNIS GRÉIWEMAACHER a.s.b.l                 Gegrënnt 1964 an Member bei der Fédération Luxembourgeoise de Tennis de Table
DESCHTENNIS GRÉIWEMAACHER a.s.b.l               Gegrënnt 1964 an Member bei der Fédération Luxembourgeoise de Tennis de Table 

Deschtennis zu Gréiwemaacher

Vum GRE-Pi-Po zum Deschtennis Gréiwemaacher a.s.b.l

1964 den 4 August hun 16 Interessenten den Deschtennis-Club Grevenmacher gegrënnt. Grëndungspräsident war den Jos Kesternich an den 12. September 1964 ass den DTG mat zwou Equippen un de Start vum Championnat gaangen. Championnatsmätcher sinn am Café Sertznig-Gelhausen ob der Moartplaatz gespillt ginn.

1965/66 huet de Veräin schon 23 Membre gezielt an ass mat dréi Seniors-an eng Jugendmannschaft Championnat gespillt.

1936 den 15. Oktober as de Lëtzebuerger Deschtennis-Verband gegrënnt gin an den Grevenmacher Ping-Pong (GRE-PI-PO) war ée vun den sechs Grendungsveräiner. Gespillt goef demols am Café Reuland do ewou Haut Cafe „Krunnemecken“ ass. Wärend der Saison 1940/41 huet den GRE-PI-PO dann seng Aktivitäiten agestallt wéinst dem zweete Weltkrig.

1966/67 get den Gaston Wolfsfeld eisen neie Präsident.

1967/68 hat den DTG Sallproblemer an stung kuerz virdrun obzehaalen.

1968/69 konnt den DTG seng Mätcher am Café Schneider-Konter spille fir e Loyer vun 1500 Frang. D'Onkäschten huet Gemeng iwerholl.

1970/71 Membren huet den DTG der 68 gezielt, dorenner 37 Lizenzen. Eng Deschtennisschoul ass gegrënnt ginn 20 Leit hunn do matgemaach.

1971/72 huet de Veräin erëm misse Plenneren aus dem Café Schneider-Konter an konnt duerno an der Sportshaal vun der Mettelschoul traineieren an Mätcher spillen. Déi éischt Regionalmeeschterschaften iwwerhaapt sinn zu Gréiwemaacher gespillt ginn. Mam Hélène Merten an mam Liette Braun sinn zwou Spillerinnen an den Verbandskader obgeholl ginn.

1972/73 hat den Maacher Deschtennis schon 54 lizenseiert Membren. Mir haten dat Joer 5 Equippen. Leider ass eis 1.Equipe an d' 1 Divisioun ofgestiegen.

1973/74 steet den DTG virun der Obléisung. De Sall an der Mettelschoul stung dem Veräin net méi oft zu Verfügung an Memberszuel ass ob 37 Eenhéete gefall. Jugendarbecht war awer weiderhi grouss geschriewen an mat 6 Jugendéquippen, 2 Dammen an 3 Seniorséquippen ass Saison gespillt ginn.

1974/75 iwerhelt den Jemp Clemens de Präsidentenposten. Den DTG kann nëmme méi mat 2 Seniorséquippen an 1 Jeunes-Filles untrieden am Championnat. 1 Equipe ass gestiegen an d' Promotioun. Sëit dem Summer gouf eifreg un engem neie Spillsall an der „Taverne des Sports“ geschafft, an fir d'Reckronn konnt do erëm gespillt ginn. Deschtennisschoul war gesechert an domadden och Zukunft nach nom 10 Anniversaire vum DTG.

1976/77 den DTG plennert elo fir 5 kéier an bis elo och fir léscht, an zwar an den Centre Sportif et Culturel de Grevenmacher.

1977/78 ass eise Veräin nominéiert gi fir Ausriite vum Schüler-Lännermätch Lëtzebuerg-BR Deitschland.

1979/80 den 9 Mai ass de Lännermätch Lëtzbuerg-Volksrepublik China gespillt gi mam sechsfache Weltmeeschter Liang Geliang.

1980/81 den 12 Februar fendt an der Gréiwemaacher Sportshaal fir éischt en Europaligaspill statt an zwar zwësche Lëtzbuerg an Polen. Eis Nationalteam mat Carine Risch, André Hartmann an Yves Maas huet dëse Mätch 5-2 verluer géint Andrzej Grubba an co. Carine Risch an den Dubbel-Mixed Risch-Hartmann hunn fir eis Farwen déi zwee Punkte geholl.

1981/82 En zweeten Europaligamätch get zu Gréiwemaacher den 23 September 1981 gespillt tëschent Lëtzbuerg an Spuenien 3-4. Carine Risch an den André Hartmann gewannen hir Eenzel an zesummen am Dubbel-Mixed huelen se des drei Punkten.

1983/84 No Néng Joer an der Promotioun ass den Obstieg an d'Éirendivisioun geglëckt. Den Henri Braun geet nominéiert fir Jugend-Europameeschterschaften zu Malmö an Schweden.

1984/85 den 28. November ass Nationalmannschaft aus Finnland zu Gréiwemaacher de Géigner vun eiser Lëtzebuerger Nationalmannschaft. Risch, Hartmann an Maas hunn 1-6 kloer verluer.

1985/86 Edgar Back spillt am Laf vun der Saison säi 500 an Lis Braun säin 250 Mätch fir den DTG. No dëser Saison ass fir éischt den Deschtennis Gréiwemaacher an d' Nationaldivisioun obgestiegen. Den Henri Braun get selektionéiert fir Europameeschterschaften zu Prag.

1986/87 de Bernard an den Henri Braun ereeschen am Laf vun der Saison 250 Mätcher fir den DTG

1987/88 fällt eis 1 Equipe eraus aus der Nationaldivisioun an och etlech Spiller aus der 1 Mannschaft verloossen eise Veräin. De Christian Gelhausen get Landesmeeschter bei den Scolaires.

1988/89 Jugendaarbescht bezillt sech aus, de Veräin muss eng siwent Mannschaft fir de Seniors-Championnat umellen.

1989/90 feiert den Deschtennis Gréiwemaacher säi 25-Gebuertsdag. Mitgliederzuel ass ob 43 gestiegen. No 15 Joer demissiounéiert de Jemp Clemens als Präsident an am Komitee, de Edgar Back iwerhellt dëse Posten.De Georges Gelhausen spillt säin 250 Mätch fir den DTG. De Veräin zielt elo siwe Seniors- an eng Jugendéquipe. E Showmätch ass organiséiert ginn zum DTG sengem 25 anniversaire. Den 6-fache Weltmeeschter Liang Geliang an den 3-fachen Europameeschter Milan Orlowski hunn Zuschauer begeeschtert. Den Thierry Beffort get Landesmeeschter bei den Junioren.

1990/91 mat enger Cadets- an sechs Seniorsmannschaften huet de Veräin sech fir Championnat ugemellt. De Jean-Marie Meyers spillt säin 250 Mätch fir den DTG.

1991/92 den Fusenig Gasty kënnt am Laf vun der Saison och ob 250 offiziell Équippenmätcher. De Sebastian Jachec wënnt den Kriterium bei den Préminimes.

1992/93 am Verlaaf vun der Saison spillt den Thierry Beffort säin 250 offizelle Mätch an den David Jachec wënnt den Kriterium bei den Préminimes.

1993/94 iwwerhëlt de Günter Pullig den Präsidentenposte vum Edgar Back.

1994/95 den 11 Oktober 1994 stierwt eise Präsident Günter Pullig vill ze fréi. Mat 5 Seniors- enger Dammen- an enger Minimesmannschaft spille mir des Saison.

1995/96 de Mette Heinz iwerhëllt Präsidentschaft an eise Vize-Präsident André Demesse stierwt onverhofft den 17. Dezember 1995. Eis 1. Équipe steigt erëm an d' Nationaldivisioun. Denise Dostert spillt hire 500 Mätch esou wéi den Liette Clemens, Alain Beffort an Claude Mentgen hiren 250 am Laf vun der Saison. De sportlechen Héichpunkt vun der Saison war mat enger Zesummenaarbecht mat der ETTU an der FLTT d'Organisatioun vum Luxembourg Women Cup den 12. an 13. Oktober 1995. Emmerhi waren des zwee Deeg 24 Damme vu Welt an Europaniveau zu Gaascht. An der Final setzt sech Ni Xia Lian (Lux) géint Bettine Vriesekoop (Ned) duerch. Des gelongen an perfekt Organisatioun mat nëmmen engem Mount Virbereedung war bis Dato déi gréisst Veranstaltung am Lëtzebuerger Deschtennis.

1996/97 huet den DTG fir de Championnat 5 Seniors- 1 Dammen an 5 Jugendéquippen ugemellt.

1 Équipe fällt erëm eraus aus der Nationaldivisioun an de Gilles Michely geet mat 8 Joer an de Verbandskader obgeholl.

1997/88 5 Seniors- an 5- Jugendéquippe spillen d'Saison, an eis 1 Garnitur fällt aus der Éiredivisioun eraus. Den Dirk Hoffmann spillt séin 250 Mätch fir eis.Véiermol wennt de Gilles Michely bei den Préminimes: Regionalmeeschter, Kriterium, an Landesmeeschter am Eenzel an Dubbel. De Georges Gelhausen spillt bei den Veteranen-Europameeschterschaften zu Prag.

1998/99 wennt de Gilles Michely den Kriterium bei den Préminimes

1999/2000 Neie Präsident ass elo de Jean Pettinger. Mat 56 Lizenze stellt den DTG en neie Veräinsrekord ob. An geet mat insgesammt 15 Mannschaften un den Départ vum Championnat. Michely Gilles heescht de Gewënner bei de Minimes souwuehl op de Landesmeeschterschaften ewéi och beim Kriterium.

2000/01 Eis 1. Équipe steigt an Nationaldivisioun. De Gilles Michely wënnt den Kriterium Minimes an d' Landesmeeschterschaften bei den Minimes.

2001/02 1. Équipe hält sech an der National 1 duerch en 8-3 géint Fiels/Iernzen an engem Relegatiounsspill.

De Gilles Michely gewënnt bei den Scolaires de Kriterium an Landesmeeschterschaften, säi Bruder Luc gëtt Landesmeeschter am Dubbel mam Sven Hansen (Hollerech) bei den Préminimes. Georges Gelhausen an de Patrick Michely spillen ob den Veteranen-Europa-Meeschterschaften zu Aarhus (DAN). Zu Terni (ITA) ass de Gilles Michely bei den Jugend-Europameeschterschaften am Asaatz esou wéi den Mike Bast bei den Seniors ob den Europa-Meeschterschaften zu Zagreb (CRO). De Gilles Michely wiesselt no der Saison op Villette Charleroi (BEL). Eise langjährege Sekretär Roby Clemens stellt seng Kandidatur net méi fir an de neie Komitée. De Roby huet immerhin 20 Joer als Sekretär Geschecker vum D.T.Gréiwemaacher geleed.

2002/03 den DTG hat jeweils 4. Équippe gemellt fir den Seniors- an de Jugend-Championnat. Nom Ofgang vum Gilles Michely konnt eis 1. Seniors sech net méi an der National 1 halen. Eis zweet Garnitur ass obgestiegen an d' 2.Divisioun. Gewënner bei den Landesmeeschterschafte Scolaires an beim Kriterium Cadets gouf den Gilles Michely, an de Mike Bast Landesmeeschter am Dubbel Juniors mam Fabien Simon (Bissen). Jugend-Euros waren des Joer zu Moskau an de Gilles Michely war am Eenzel an der 1/16 an am Dubbel an der 1/8 Final. An Italien waren Europa-Meeschterschafte bei den Seniors zu Courmayeur mat eisem Spiller Mike Bast. Den 13 Februar 2003 huet den DTG de Lännermätch Lëtzebuerg-Deitschland matorganiséiert bei eis am Centre Culturel et Sportif am Kontext vun der „ Europaliga Damme Superdivisioun“ des Partie virun 200 Zuschauer hunn déi Deitsch Damme mat 3-0 gewonn. De Mike Bast wiesselt no dëser Saison bei den TTC Zugbrücke Grenzau an behält seng Lizenz esou wéi den Gilles Michely beim D.T.Gréiwemaacher.

2003/04 Als eng ganz erfollegréich Saison gung des Saison an d' Geschicht vum DTG an. Mir hunn d'Championnat mat 5 Seniors- 2 Jeunes- an 2 Minimes-Équippe gespillt. Eis 1. Mannschaft ass no nëmmen engem Joer erëm als Tabellenzweeten an d' National 1 gestiegen, och eis 3. an eis 4. Équip sinn gestiege wobei allerdéngs eis 2. Équip an d' 3 Divisioun gefall ass. De Gilles Michely gewënnt den Kriterium bei den Junioren an an der selweschter Kategorie wennt den Gilles och Landesmeeschterschaften am Eenzel, Dubbel, an Dubbel-Mixed. De Luc Michely geet zweeten um Kriterium bei den Minimes. Hélène Sertznig get Landesmeeschterin am Eenzel-Mädchen. De Mike wennt d'Final vum Grand-Prix Telekurs, hien spillt Eenzel-WM zu Paris, Mannschafts- WM zu Doha (QAT) an bei den Spiller vun den klenge Staaten ob Malta, do wennt de Mike mat der Mannschaft Bronze. Ob der Jugendeuro zu Novi Sad (SEM) kennt de Gilles Michely am Eenzel an am Dubbel-Mixed ënnert déi bescht 16 Spiller. Den Heichpunkt vun der Saison war den Gewenn vum Gilles Michely senger Selwermedaille beim „Festival Olympique de la Jeunesse Européenne“ zu Paris. Geiert ginn ass de Gilles Michely vun eiser Gemeng an konnt sech an göllen Buch vun der Stad Gréiwemaacher androen.

2004/05 den DTG kritt elo 30 Joer an starten an d' Saison mat 6. Seniors- an 2. Jeunes-Mannschaften. Dem DTG seng 1. Équip konnt sech net méi halen an der National 1. stung awer an der ½ Final vun der „Coupe de Luxembourg“ dofir ass 2. Équip erëm an d' 2 Divisioun no dëser Saison gestiegen, och eis 5. Équip hat ed gepackt vun der 6. an déi 5 Divisioun ze steigen. Eise Sekretär Patrick Michely spillt séin 250 Mätch fir den DTG. 2X Gold am Dubbel-Hären an Dubbel-Mixed esou ewéi 1x Bronze gungen un de Gilles Michely bei den Landesmeeschterschaften-Seniors, och am Eenzel an am Dubbel an am Dubbel-Mixed bei den Junioren huet de Gilles Gold gewonn. Hélène Sertznig gewennt Damme-Klasse C bei den Seniors, an de Cadettes-Dubbel mam Anouk Meis (Lëntgen). Gläich zwee Spiller stelle mir mam Mike Bast an mam Gilles Michely ob der Europameeschterschaften bei den Seniors zu Aarhus (DEN). Zu Andorra bei den Spiller vun de klengen Staaten bréngt de Mike Bast Selwer an der Équip an Bronze am Dubbel mat ob Maacher.

2005/06 No selechen Ofgäng hunn mir eis 1. Équip an d' 1 Divisioun zereckstufe gelooss. Mir haten 5 Seniors- an 2 Jeunes-Mannschaften an d'Renne geschéckt. Eis Reserve-Team bei den Seniors get Champion an der 4. Divisioun. Neie Landesmeeschter bei den Häre get de Gilles Michely am Eenzel an plazeiert sech am Dubbel-Mixed ob eng drette Plaz. D'Final vum Grand Prix Telekurs konnt de Gilles och fir sech entschéeden. De Luc Michely wennt den Dubbel-Mixed mam Danièlle Konsbrück (Roodt-Syre) bei den Cadets. De Georges Gelhausen an de Patrick Michely spillen ob den Veteranen Euros zu Bratislava (SVK). De Mike Bast war bei den Seniors- Weltmeeschterschaften zu Bremen am Asaz. Fir den DTG waren Hélène Sertznig an de Gilles Michely ob der Jugend-Euro zu Prag. De Gilles spillt zu Santo Domingo (DOM) d'Final I.T.T.F. World Junior Circuit géint déi bescht Junioren ob der Welt an get 11ten ënnert 12 Spiller. Zu Linz (AUT) waren „ World Junior T.T-Championships“ mam Gilles Michely. Mat 16 Joer ass den Gilles Michely een vun den beschte Junioren an Europa an get mam „Prix du Jeune Espoir“ ob der Sportlergala 2005 vun der ALPS zu Mondorf-les -Bains ausgezeechent.

2006/07 hu mir d'Saison mat 4 Seniors- an 2 Jeunes-Mannschafte gespillt. Eiser éischter Garnitur ass den Obstieg an d'Promotioun gegleckt. Mam Carole Hartmann (Iechternach) wennt de Gilles Michely de Landesmeeschtertitel am Dubbel-Mixed an en verteidegt säin Titel bei der Final vum Grand-Prix Telekurs.

Bei der Jugend-Euro zu Sarajevo (BIH) kennt den Gilles am Dubbel-Mixed bis an d' ¼ Final mam Lena Misikonyte(LTU) an mam Matiss Burgis bis an d' 1/8 Final am Dubbel-Juniors. Beim den „I.T.T.F World Junior Circuit Finals“ klasseiert sech de Gilles Michely als 8ten ënnert 12 Finalisten. Zu Cairo (EGY) waren déi 4ten World Junior Table Tennis Championships mam Gilles, an hien hat och zu Belgrad (SRB) bei den Euros Seniors matgespillt. De Patrick Michely an den Georges Gelhausen hunn bei den Veteranen- Weltmeeschterschaften zu Bremen gespillt. Geiert ginn ass de Gilles Michely bei engem Empfang ob eiser Gemeng fir séin Landesmeeschtertitel am Eenzel.

2007/08 huet den Veräin 4 Seniors-Équippe gemellt an leider keng Jugendéquipe méi fir den Championnat. Zu Monaco bei den Spiller vun den klenge Staaten gewennt de Gilles Michely Gold an der Mannschaft an Selwer am Eenzel an Hären-Dubbel. De Gilles Michely huet ob der Eenzel-Weltmeeschterschaften zu Zagreb(HRV) gespillt an de Mike Bast huet eise Veräin bei der Mannschafts-Weltmeeschterschaft an China zu Guangzou vertrueden. ZU Rotterdam huet de Georges Gelhausen ob der Veteranen-Europameeschterschaft gespillt. Bei den Lëtzebuerger Landesmeeschterschaften wennt de Gilles Michely mam Arlindo De Sousa (Ettelbréck) den Titel am Dubbel an de Mike Bast mam Simone Haan (Réimech) am Dubbel-Mixed. De Gilles Michely verléisst den Veräin an Richtung Diddeleng an d' National 1.

2008/09 eise Präsident Jean Pettinger stellt seng Kandidatur net méi, an de Presidenten-Poste bleift fir des Saison vakant. De Michel Delleré an de Jean-Marie Werner spillen am Laf vun der Saison hiren 250 offizielle Mätch an der Mannschaft. Bei der Europameeschterschaft zu St.Petersburg (RUS) war den Mike Bast am Asatz.

2009/10 Neie Präsident get den Bernard Braun, de Georges Gelhausen spillt séin 500 Équippemätch fir den DTG den 30 November 2009 zu Mäertert. Den 12 Dezember 2009 war ed dann esouwäit dass och eppes am Palmarés per Équipe vum D.T.Gréiwemaacher steet, d'Coupe Fräntz Think gouf mat 5-4 géint Abol-Esch gewonn zu Roodt/Syre, an eiser Équipe hat de Fabian Becker, Olivier Parmentier an de Luc Michely gespillt. Coach war de Romain Asselborn.

Druckversion | Sitemap
© Desch-Tennis-Club Grevenmacher